Op den Inhalt sprangen

Moundphas

Vu Wikipedia
Animatioun vun de Moundphasen. Donieft sinn och Äerdno a -wäit als Gréissteschwankung a Libratioun als „Torkelen“ ze beuechten.

Als Moundphase[1] bezeechent een déi ënnerschiddlech Liichtgestalt vum Äerdmound duerch déi perspektivesch Ännerung vu senger Dag-Nuecht-Grenz relativ zu der Äerd wärend sengem Äerdëmlaf.

  • Et ënnerscheet ee Vollmound, ofhuelende Mound, Neimound an zouhuelende Mound.
  • Neimound, Vollmound an déi béid Hallefmounde bezeechent een als Haaptphasen.
  • Am visuelle Widdersproch zu der allgemenger Bezeechnung Hallefmound – dat ass d'Hallefphas (Dichotomie) – bezéie sech d'Astronomen op de volle Zyklus vum Mound an nennen déi zouhuelend Hallefphas éischt Véirel, déi ofhuelend entspriechend lescht Véirel.
  • Déi ganz schmuel Moundséchele bezeechne si als Neiliicht an Alliicht.

Een Ëmlaf vum Äerdmound ronderëm d'Äerd, bei deem de Mound nees déi gläich Stellung zu der Sonn anhëllt, dauert duerchschnëttlech ongeféier 29,53 Deeg (29 Deeg, 12 Stonnen a 43 Minutten) a gëtt synodesche Mount genannt. Hien ass domat knapps e Mount grouss. Tatsächlech si souwuel de Begrëff wéi och d'Längt vun engem Mount vun der synodescher Ëmlafzäit vum Äerdmound ofgeleet.
Déi tatsächlech Längt vun enger eenzeler Period – vun enger Lunatioun – ass zimmlech grousse Schwankungen ënnerworf (kuckt heizou: sideresch Period).

Jee no Stellung vum Mound, der Äerd an der Sonn zoueneen si vun der Äerd aus verschidde Phasewénkele vum Äerdmound z'observéieren. Déi verursaachen déi wiesselnd Gestalte vum Mound um Himmel.

Äerd-Mound-System vun Norden aus gesinn...
De Mound gëtt bei senger Wanderung ëm d'Äerd vun der Sonn ugestraalt. Well de Mound vu sech aus net straalt, ass sou ëmmer nëmmen déi Hallschent beliicht, wou d'Sonn drop schéngt. Jee nodeem, wéi de Mound an d'Sonn grad zouenee stinn, gesi mir ënnerschiddlech vill vun der beliichter Hallschent. D'Positioune vum Mound nennt een:
  1. Neimound,
  2. éischt Véirel,
  3. zouhuelenden Hallefmound (astronomesch: éischt Véirel),
  4. zweet Véirel,
  5. Vollmound,
  6. drëtt Véirel,
  7. ofhuelenden Hallefmound (astronomesch: lescht Véirel),
  8. lescht Véirel.

Wéi mir op der Äerd de Mound dobäi gesinn, gëtt op der ënneschter Graphik däitlech.

... an de Mound aus Siicht vum Norde vun eiser Äerd
Déi an der Astronomie aktuell Zielung fänkt mat Neimound (1) un.
Legend
 
 
A: Äerd
B: Äerdmound
C: Ëmlafrichtung vum Mound
D: Moundbunn ëm d'Äerd
E: Sonnestralen

D'Gréissteverhältnesser vun den Objeten op de Graphiken an hir Ofstänn zueneen entspriechen net deenen natierlechen.

Tabell vun den Haaptphasen
Moundphas Datum
(MEZ)
Auerzäit
(MEZ)
O Vollmound24. Oktober 201817:45:18
Lescht Véirel31. Oktober 201817:40:28
Neimound7. November 201817:02:11
Éischt Véirel15. November 201815:54:29
O Vollmound23. November 201806:39:19
Lescht Véirel30. November 201801:18:58
Neimound7. Dezember 201808:20:35
Éischt Véirel15. Dezember 201812:49:25
O Vollmound22. Dezember 201818:48:46
Lescht Véirel29. Dezember 201810:34:33
Neimound6. Januar 201902:28:28
Éischt Véirel14. Januar 201907:45:35
O Vollmound21. Januar 201906:16:08
Lescht Véirel27. Januar 201922:10:37
Neimound4. Februar 201922:03:41
Éischt Véirel12. Februar 201923:26:14
O Vollmound19. Februar 201916:53:35

De Mound ass eng passiv Liichtquell, dat heescht, hie reflektéiert nëmmen dat Liicht vun der aktiver Liichtquell, der Sonn.

 Commons: Mondphasen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Jörg Mildenberger: Anton Trutmanns 'Arzneibuch', Teil II: Wörterbuch, Würzburg 1997 (= Würzburger medizinhistorische Forschungen, 56), Band V, S. 2229