Op den Inhalt sprangen

VBK-Raduga

Vu Wikipedia
NASA-Illustratioun vun der ballistescher Raduga-Retourkapsel wärend hirem Ofstiig op d'Äerd

VBK-Raduga (russesch fir Reebou) ass den Numm vun onbemannte Retourkapselen, déi fir de Récktransport vu Material vun der russescher Raumstatioun Mir op d'Äerd benotzt goufen. Si goufen u Bord vu Progress-M-Transportraumschëffer op d'Mir bruecht. Fir de Retour gouf d'Raduga amplaz vum Koppelfühler agebaut, ier de Progress d'Statioun verlooss huet. Nom Ofstiig vum Transporter op eng Héicht vun zirka 120 km bis 125 km gouf d'Kapsel ausgestouss an ass onofhängeg un engem Fallschierm op d'Äerd zeréckkomm.

D'Radugakapsel ass 1,5 m laang an huet en Duerchmiesser vu 60 cm. Déi eidel Mass ass 350 kg. Si ka bis zu ongeféier 150 kg Gepäck op d'Äerd zeréckbréngen. Mat der Raduga u Bord huet sech déi maximal Notzlaascht vun der Progress ëm 100 kg veklengert.

D'ESA ënnersicht am Ament en änlecht System, PARES genannt, dat a Kombinatioun mam Automated Transfer Vehicle benotzt soll ginn.

Kapsel Startdatum Droraumschëff Kommentar
VBK-Raduga 127. September 1990Progress-M 5
VBK-Raduga 219. Mäerz 1991Progress-M 7beim Neesantrëtt verluer gaangen
VBK-Raduga 320. August 1991Progress-M 9
VBK-Raduga 417. Oktober 1991Progress-M 10
VBK-Raduga 519. Abrëll 1992Progress-M 12
VBK-Raduga 615. August 1992Progress-M 14
VBK-Raduga 731. Mäerz 1993Progress-M 17Retour mat Progress-M 18
VBK-Raduga 810. August 1993Progress-M 19
VBK-Raduga 911. Oktober 1993Progress-M 20
VBK-Raduga 1022. Mäerz 1994Progress-M 22

Portal Astronomie